
2015 gouf ee Bauprojet virgestallt, deen hei realiséiert sollt ginn, ma déi Pläng goufen 2018 nees verworf a bis haut huet sech näischt um Site gedoen. Elo gëtt et awer een neien Ament, den Ierpeldenger Gemengerot huet nämlech eng Ännerung vum PAG decidéiert, déi een adaptéierte Bauprojet méiglech maache soll.
Am Fong sollten um Site vun der aler Laduno an éischter Linn Büroen, Commercen an een Hotel a just eng 50 Wunnengen entstoen, bis ee bei Luxlait gemierkt huet, datt dat net de Virstellunge vun de méigleche Keefer vum Projet entsprieche géing. An deem neie PAP Laduno sinn elo par contre 205 Wunnengen a vill manner Büroen a Geschäfter virgesinn. Dat bréngt da mat sech, datt de Volume vum Projet vu 55.000 op 43.500 Quadratmeter erofgeet. Dowéinst ginn et och liicht Ännerungen um Niveau vun de Gebaier, wéi de Buergermeeschter Claude Gleis erkläert.
“Et sinn nach ëmmer sou héich, also héich, Tierm vu 5 bis 11 Stäck. Amplaz 8 Tierm oder Gebaier, sinn et der awer lo 10, mee se sinn net méi sou spacieux, net méi sou massiv. Se si bëssi méi schmuel ginn, dat heescht et ass och méi Espace dotëscht, wou et méi agreabel ass, wou d’Loft och méi zirkuléiert. Déi Tierm sinn e bëssi méi auserneen, et ass e bëssi méi lëfteg ginn, wann een dat sou ka soen.”
Fir deenen Ännerunge Rechnung ze droen, gëtt an deem Artikel vum PAG, an deem et ëm d’Zones mixtes urbaines geet, eng Exceptioun, déi sech op de PAP Laduno bezunn huet, gestrach. Am Gemengerot ass de Projet vun alle Conseillere begréisst ginn. Den Giovanni Ferigo huet just de Wonsch ausgedréckt, datt ee sech als Gemeng dofir asetze sollt, datt an deem neie Projet Servicer wéi zum Beispill ee Physiotherapeut oder ee Coiffer virgesi sollte ginn.
“Fir ze soen, datt mer eis hei an der Gemeng sou Saachen, sou Servicer géinge wënschen, fir net musse ran an Ettelbréck, ran an Dikrech, mee datt mer dat hei an der Gemeng selwer offréieren. An ech menge verschidde Leit wieren och frou, fir aus de Ballungsgebidder raus an hei wier jo eng ideal Situatioun, fir sou eppes unzebidden. Si si Commerçante vun der Luxlait, si wäerten dat scho genau analyséiert hunn, mee et wier awer ee Wonsch an enger Gemeng, déi sech weider entwéckelt, fir Servicer no bäi ze hunn.”
De Schäffe Fränk Kuffer huet déi Ausso zwar ënnerstëtzt, gläichzäiteg awer och ze bedenke ginn, datt d’Gemeng dorobber am Endeffekt keen Afloss hätt. Den Giovanni Ferigo wollt dann och nach wëssen, ob doduerch, datt méi Wunnengen entstinn, och d’Zuel vun de Parkplazen an d’Luucht geet. Dat wäert dem Claude Gleis no awer net de Fall sinn.
“Et ass ëmmer nach virgesinn am Projet, datt 2 Stäck Sous-sol-Parking wäerte sinn. Dat heescht et si jo lo och vill Bürosgebaier, déi ewechfalen, déi hu jo och Parkplaze gebraucht, d’Commercen hu Parkplaze gebraucht. Mir hunn nach ëmmer hei d’Reegel zwee Parkinge pro Unitéit, dat kënnt der iech jo ausrechne wéi vill Parkplazen an deem PAP Laduno sinn.”
Wéi séier d’Baggeren zu Ierpeldeng rulle wäerten, ass zwar net kloer, mee et dierft awer wuel keng Éiwegkeet méi daueren. Bis elo war de Projet deels doduerch blockéiert, datt d’Gemeng, d’Luxlait an de Staat sech net doriwwer eens waren, wéi d’Fraisen opgedeelt ginn, fir den Zougank bei den Nordstadlycée ze amenagéieren, deen direkt niewendru gebaut gëtt. Ma do zeechent sech elo eng Léisung of.
Dat huet den Ierpeldenger Buergermeeschter Claude Gleis eis op Nofro hi confirméiert. Am Moment géing eng Konventioun tëscht der Gemeng, der Luxlait an dem Staat ausgeschafft gëtt, déi reegelt, wéi d’Fraisen opgedeelt ginn. D’Ënnerschrëft géing nach feelen, mee et wier een op der gudder Schinn.