
Etüden déi am Beräich Rassismus gemaach goufen, hu gewisen, datt virun allem Leit mat afrikanescher Ofstamung vun Diskriminatioun betraff sinn an dat virun allem an dräi Beräicher: der Educatioun, der Aarbecht an dem Logement.
Am Aktiounsplang goufen 23 Ziler an 118 Aktioune festgehalen, fir géint de Rassismus ze kämpfen a Virurteeler ze bekämpfen. Ee wichtege Volet ass d’Ënnerstëtzung vun de Betraffenen, fir déi eng Ulafstell kreéiert gëtt, wou se Informatiounen, Orientéierung a Begleedung kréien an och ënnerstëtzt ginn, wa se eng Plainte wëlle maachen, wa se Affer vun Diskriminatioun goufen. Vun 2026 soll och eng digital Plattform en Place gesat ginn, op där een all relevant Informatioune fënnt, wéi déi aktuell Gesetzeslag, Servicer, déi et ginn, fir Affer ze ënnerstëtzen an d’Plazen, wou een e Virfall melle kann.
Sensibiliséieren, informéieren a forméieren
Ënnert anerem si Sensibiliséierungscampagnen a Formatioune geplangt an dat an all de genannte Beräicher. Den Aarbechtsminister Georges Mischo huet zum Beispill erkläert, datt d’Agente vun der ADEM eng spezifesch Formatioun kréien, awer och datt Campagnë bei der ITM wäerte gemaach ginn, fir datt déi betraffe Leit wëssen, datt se sech bei hinne kënne mellen an d’ITM, wann néideg, d’Dossieren un de Parquet weiderleet.
Änlech Aktioune sinn och am Logement geplangt, wou déi Professionell aus dem Secteur solle forméiert ginn an den Observatoire de l’habitat domat chargéiert gëtt, bei senge sëllegen Etüde geziilt de Volet vum Rassismus mat kënnen ze detektéieren, sou de Claude Meisch.
Éischten Aktiounsplang an deem Beräich
De Message vum nationale Plang géint de Rassismus wier dee vun enger inklusiver Gesellschaft, an där jidderee seng Plaz hätt, déi nämmlecht Chancen an dat egal, vu wou ee kéim a wéi een ausgesäit, hunn d’Ministeren ënnerstrach.
All Objektiv huet am Aktiounsplang e kloren Datum, bis wéini e soll ëmgesat sinn an och Indicateure fir ze moossen, ob se tatsächlech ëmgesat goufen oder net.
All 5 Joer soll iwwerdeems eng Etüd gemaach ginn, fir ze kucke wéi sech d’Situatioun entwéckelt a wéi en Impakt d’Aktioune vum nationale Plang tatsächlech hunn. D’Dokument soll a kann awer weider evoluéieren an nei Aktioune bäikommen.