
An Zukunft musse Leit, déi sech fir dëse Modell entscheeden, also just nach sou vill vun hirer Anlag bezuelen, wat net vum staatleche Subsid gedeckt ass.
D’CSV-DP-Regierung huet dëse Projet ëmmer nees als Beispill genannt, wéi ee Klimaschutz méi zougänglech wéilt maachen. D’Betriber, déi wëlle matmaachen, musse sech virdrun an en neie Regëster (“registre des installateurs admis à la procédure de préfinancement”) androen. De Privatclient bezilt da just nach säin Deel an den Installateur freet de Subsid duerno dann direkt beim Staat un.
Den aktuelle Klima-Bonus-System leeft awer och parallel weider. D’Héicht vum Subside ass a béide Fäll déi selwecht. De Subsid gëtt forfaitär op d’Kapazitéit vun der Anlag gerechent. Och Batterië kënne vum Prefinancement profitéieren, wa se parallel zu der Photovoltaik-Anlag bestallt ginn. Leit, déi eng existent Anlag mat enger Batterie norüste wëllen, kënnen och e Subsid fir déi Batterie ufroen.
Den Energieminister Lex Delles sot nach emol op der Chambertribün, d’Leit hätten all Interessi verschidden Devisen anzehuelen. Dat géif och Konkurrenz tëscht den Installateuren beliewen. De Prefinancement gëllt fir all Anlagen, déi virum 31. Dezember 2029 bestallt ginn.