“Méi wéi jee, musse mir eis haut fir Mënscherechter a fir Rechtsstaatlechkeet asetzen. International tëscht den Natiounen, awer och hei am Land”, sou de Premier Luc Frieden um Weltgedenkdag fir den Holocaust beim Monument fir d’Affer vun der Shoah an der Stad. De 27. Januar 1945 gouf dat gréisst Konzentratiouns- a Vernichtungslager vum Nazi-Regime, Auschwitz-Birkenau, befreit. D’Gedenken haut géif nëmmen da Sënn maachen, wa mer eis all, Regierung a Bierger, zesumme fir dat selwecht Uleies asetzen. D’Erënnerung géif Engagement verlaangen. Eis Demokratie géif hir Kraaft an der Wourecht fannen.
D’Erënnerung vu Generatioun zu Generatioun iwwerdroen
Dat war en Dënschdeg de Fall op enger historesch relevanter Plaz. D’Schüler aus dem Atert-Lycée hunn nämlech d’Schoulbänk mam fréiere Klouschter vu Fünfbrunnen getosch. Där Plaz, déi d’Nazien am Summer 1941 an ee sougenannt jiddescht Altersheem verwandelt hunn. Fir vun do aus eng 300 Judden ze deportéieren. Iwwer pädagogesch Aktivitéiten hunn d’Ekippe vum Zentrum fir politesch Bildung an dem Service national de la jeunesse, de Schüler déi däischter Zäit tëscht 1941 an 43 méi no bruecht. Eng extrem wichteg Aarbecht, wann e bedenkt, datt Klassen aus dem Technik, guer keng Geschichtscoursë méi hunn. Iwwer eenzel Schicksaler, déi a klenge Gruppen opgeschafft goufen, hunn déi Jonk entdeckt, wéi haart d’Liewen ënnert der Nazi-Occupatioun war. Nëmmen 26 vun de ronn 300 Judden, déi vun der Pafemillen aus deportéiert goufen, hunn iwwerliwwert.
Fünfbrunnen, eng Etapp um Wee, fir d’Erënnerung z’iwwerdroen
D’Schüler hu beim Monument vum Lëtzebuerger Kënschtler Lucien Wercolier, dee selwer deportéiert gouf, den Affer vun der Shoah geduecht. An enger nächster Etapp wäerte si mat hirer Schoul, e Konzentratiounslager besichen. Eng weidere Schrëtt, fir Erënnerung z’iwwerdroe vu Generatioun zu Generatioun.