
Mat de Stëmme vun der DP-CSV-Majoritéit gouf de Stater Budget géint Méindegowend ugeholl, dat nodeem de Schäfferot d’Kriticke vun der Oppositioun uni sono probéiert huet, ze widderleeën. De Stater Budget gesäit Recettë vun 1,3 Milliarde bei Depensë vun 921 Millioune vir.
De Sujet vun der Sécherheet an der Lutte géint d’Kriminalitéit koumen och an den Ofschloss-Remarken zur Sprooch. D’Zuele vu Police-Interventiounen a -kontrolle weisen um Terrain vun der Stater Gemeng no uewen: sou goufen et dëst Joer eng 4.600 Kontrolle vu Persounen, bei deenen eng 200 Protokoller geschriwwe goufen.
An awer geet den Trend vu Belästegungen, zum Beispill am ëffentlechen Transport, weider erop: Sou goung am Gemengerot dovunner Rieds, datt bal all Dag Stater Buschaufferen intimidéiert oder souguer mat Messere menacéiert oder beleidegt ginn.
Déi liberal Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer wëll sou Faiten net nëmmen aktéieren, mä fuerdert weider méi Moyenen, fir datt Poliziste kënnen agräifen, fir géint Intimidatioune virzegoen, wat lo net ëmmer de Fall wier.
“Déi Facilitéit, mat där Intimidatioun a Gewalt ugewannt gëtt, ass scho wierklech erschreckend. A mir kënnen nëmmen do zesummen all déi Institutiounen, mat deene mer och zesummen um Drogendësch sëtzen - dat ass net nëmmen d’Police, dat ass och d’Justice, dat ass och d’Santé an dat ass d’Famill - kënne mer nëmmen zesumme kucken, wéi mer déi Leit, déi oft, an dat ass och hei scho méi wéi eng Kéier gesot ginn, psychiatresch Problemer hunn, wéi een déi besser kann encadréieren. Mir hunn eis Programmen, mir hunn eis Projeten, mee do sinn aner Situatiounen, wou effektiv och d’Police muss méi aner Moyene kréien, fir do dogéint virzegoen”, esou d’Stater Buergermeeschtesch.
Um Drogendësch wëll d’Lydie Polfer mat allen Acteuren dann och weider no Interventiounsmethode sichen, fir géint Onsécherheet um Stad-Gebitt virzegoen, ouni ze verstoppen, datt absënns ewell op der Gare d’Situatioun amgaange wier, sech weider ze stabiliséieren.