An Ateliere kruten déi Jonk op eng verständlech a lieweg Aart gewisen, wéi d’Justiz funktionéiert a wéi wichteg et ass, datt och Kanner Rechter hunn.
Et ass eng Plaz, wou et besser ass, wann een als Kand net muss hi goen. An awer kënnt et ëmmer nees vir, dass Kanner, aus de verschiddenste Grënn, op d’Geriicht mussen. Um Weltkannerdag huet den Zentrum fir politesch Bildung zesumme mat der Justiz ee Workshop organiséiert, wou d’Schüler aus dem Jongelycée d’Méiglechkeet haten, en direkten Abléck an d‘Justiz ze kréien, mat Leit vum Terrain ze schwätzen an an engem Rollespill selwer an d’Roll vun Affekoten, Procureuren oder Riichter ze tauchen. Fir d’Schüler war et eng spannend Erfarung, e puer vun hinne wossten zum Beispill net datt en Ombudsman gëtt, dee sech speziell fir d’Rechter vun de Kanner a Jonken asetzt.
An anere Länner, géing et de Kanner net esou gutt goen, wéi hei zu Lëtzebuerg, sot nach eng Schülerin. Op d‘Fro, wat fir Fräiheeten a Rechter hinnen am wichtegste sinn, gouf dacks mat Meenungsfräiheet an d‘Recht op Bildung geäntwert.
Um Terrain selwer ass een awer dacks mat manner schéinen Tatsaache konfrontéiert. De Sam Pletsch ass Kanneraffekot, huet sech iwwer den Intressi vun de Kanner gefreet an zielt, datt Diskriminatioun ëmmer nees ee ganz grousst Theema fir d‘Kanner ass. Eppes, wat hien a sengem alldeeglechen Aarbechtsëmfeld reegelméisseg begéint. Dobäi sinn och ëmmer nees Fall vun haislecher Gewalt.
„Do geet et haaptsächlech drëms, dass mir mat der Police an d‘Schoule fueren, fir d‘Kanner ze héieren. Dat heescht, wann et den Ament eng Reproche géint d‘Elteren ass, en absence vun den Elteren. Dann, wat selbstverständlech alldeeglech de Fall ass, dat ass, dass d‘Kanner immens hin an hier gerappt sinn an enger Prozedur wou et ëm d‘Separatioun vun den Eltere geet. Do ass et oft immens schwéier, fir d‘Kanner sech ze positionéieren, fir ze soen, wat si wëllen an dowéinst ass de Rôle vum Kanneraffekot immens wichteg.“
Am Youstice-Atelier mat derbäi war och d‘Simone Flammang, si ass Procureure générale d‘état a fënnt et ganz wichteg, dass Kanner a Jugendlecher schonn esou fréi, lues un d‘Justiz erugefouert ginn.
„Wat mir den Ament ganz vill Suerge mécht, ass d‘mental Gesondheet vun deene Jonken. Mir wëssen, dass säit dem Covid déi Situatioun sech verschlëmmert huet. Se war virdru schonn net ideal, se ass elo nach vill méi dramatesch ginn. Déi ganz online Contenuen, mat deene si konfrontéiert sinn, dinn hinnen net gutt, an ech mengen, do gëtt et wierklech Zäit, dass d‘Gesellschaft reagéiert, dass de Gesetzgeber reagéiert an dass een de Jonken do hëlleft.“
D‘Simone Flammang huet sech an hirer Karriär ëmmer nees em Prozesser gekëmmert, déi mat Kanner ze dinn hunn a fënnt et wichteg, dass ee sech an der Justiz ëmmer nees misst bewosst sinn, wat fir een aschneidend Evenement et fir ee Kand ass, wann et mat der Justiz ze di kritt. Et misst een dowéinst alles maachen, fir dass dat esou kannergerecht wéi méiglech kann iwwer d‘Bün goen.
Den Intressi bei de Kanner, fir d‘Praxis um Terrain z‘erliewen, war op alle grouss, och wann si ewell fir déi zweete Kéier dobäi waren.
