Vu 14 Auer LiveDebatten an der Chamber no dem Minister Bettel senger aussepolitescher Deklaratioun

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg de Mëtteg huet de Xavier Bettel an der Chamber seng aussepolitesch Deklaratioun an der Chamber ginn. E Mëttwoch ass et elo un de Parteien, iwwer d'Aussoen ze debattéieren.

Vu 14 Auer u geet den Debat an der Chamber lass. Den Ausseminister Xavier Bettel hat en Dënschdeg an der Chamber ënnert anerem iwwert de Krich an der Ukrain, eng gemeinsaam europäesch Defense an d'EU-Erweiderung geschwat. Och d'Situatioun am Mëttleren Oste war Thema am Minister Bettel senger Ried en Dënschdeg.

Detailer iwwert dem Minister Bettel seng Ried virun der Chamber kënnt Dir hei am Artikel noliesen:

Back to Top
CIM LOGO