U15-WM zu Baku am AserbaidschanFLF zitt positiven Tëschebilan

Sam Rickal
Déi Lëtzebuerger U15-Futtballnationalekipp huet de Grupp Q op der 3. Plaz ofgeschloss. Elo stinn d'Placéierungsmatcher um Programm.

D'FLF-Selektioun huet vu fënnef Matcher véier Partie gewonnen, dorënner eng 3:1-Victoire géint Litauen, a spillt elo am Turnéierbam C ëm d'Plaze 65 bis 96. Am Ganze sinn 189 Natioune bei der U15-Weltmeeschterschaft zu Baku am Aserbaidschan mat dobäi. Duerch déi 2:4-Defaite géint Südkorea sinn déi jonk Rout Léiwen op zwee Goler net op déi 1. Plaz komm. Trotzdeem zitt een op der Säit vum Trainerstaff e positive Tëschebilan.

Pol Hansen - U15-Nationaltrainer: "Mir fir eisen Deel kënne just soen, dass d'Bouwen op dat wat se bis elo hei gespillt hunn, wéi se sech an och Lëtzebuerg representéiert hunn, kënne stolz sinn an op d'Leeschtungen, déi se bruecht hunn. Wann ee mer virun der Weltmeeschterschaft gesot hat, dass se véier Victoirë feieren aus fënnef Matcher a sech just mussen an engem ganz enke Match géint Südkorea musse geschloe ginn. Dann hätte mer dat direkt geholl."

"Mir probéieren elo einfach an deem Grupp vun den Drëtten eise Parcours ze maachen."

Ënnert deenen 189 Ekippe sinn och Natiounen dobäi, déi genau sou wéi Lëtzebuerg nach ni op enger WM waren. Nieft dem Sportlechen ass och de kulturellen Aspekt wichteg. Tëscht den Natiounen entsteet Kontakt. Doduerch kënnen d'Spiller nei Erfarunge sammelen an aner Länner kenneléieren. Dat geschitt och an der Fräizäit.

Pol Hansen - U15-Nationaltrainer: "Haut um fräien Dag si mer mat de Jongen an d'Stad gaangen. Do hu mer déi flott Experienz gemaach, dass mer eis mam Botswana getraff an dunn de Metro geholl hunn. Den Trainer huet eis gesot, déi Jongen, déi hu bis elo de Metro nëmmen a Filmer gesinn. Dat war fir déi komplett Neiland. An dat ass dann och einfach schéin ze gesinn. Nieft deene sportleche Saache gesinn eis Jongen och déi kulturell Ënnerscheeder a wat mir och eeben zu Lëtzebuerg awer trotzdeem fir eng Chance hunn."

An deene 5 Matcher an der Gruppephas huet déi Lëtzebuerger U15-Futtballnationalekipp 21 Goler markéiert, donieft 7 Géigegoler encaisséiert. De méi klengen Terrain, op deem nëmmen 8 Spiller géintenee spillen, dréit dozou bäi, datt déi jonk Rout Léiwe sech verbesseren, individuell Dueller op enkem Raum musse gewannen an doduerch gutt Resultater kënne maachen.

"Ech weess net, ob et op der Weltmeeschterschaft 16 Ekippe gëtt, déi e bessere Fussball hei proposéieren, wéi eis Lëtzebuerger Bouwen."

Pol Hansen - U15-Nationaltrainer: "Ech mengen, dass et fir eis schonn e grousst Zeechen ass. D'FLF zesumme mat de Veräiner, wat do an deene leschte Joren nach eng Kéier ugestouss gouf, iwwert d'Jugend-Reformen, dass extreem vill Bouwen an och Meedercher Fussball spillen. Do gesäit een einfach, mir kënnen international mathalen. Also ech soen et wierklech esou kloer. Ech weess net, ob et op der Weltmeeschterschaft 16 Ekippe gëtt, déi e bessere Fussball hei proposéieren, wéi eis Lëtzebuerger Bouwen. Also spilleresch kënne mer hei mat all Géigner mathalen an dat gesäit een och an de Resultater."

All Natioun spillt néng Matcher. Deemno stinn nach véier weider Partië fir d'FLF-Selektioun um Programm, fir erauszefannen, wéi sech Lëtzebuerg um Enn placéiert. E Mëttwoch ëm 9:45 Auer spillt d'Ekipp vum Trainer Pol Hansen géint Liberia. Bei enger Victoire kéint am nächste Match schonn e Mëttwoch den Owend Ungarn op déi Lëtzebuerger U15-Nationalekipp waarden.

Pol Hansen - U15-Nationaltrainer: "Mir hunn eis elo e puer Gruppematcher vu Liberia ugekuckt. Komm mir soen esou, mir mussen de Match an all Géigner mam néidege Respekt entgéintgoen, mee et brauch ee scho eleng nëmmen hir Grupp ze kucken, hir Resultater, da soen ech scho ganz kloer, dass mer et do och musse fäerdeg bréngen, eis fir den nächsten Tour ze qualifizéieren."

De Lëtzebuerger U15-Nationaltrainer Pol Hansen am RTL-Interview
Op der Säit vun der FLF zitt een e positiven Tëschebilan vun der U15-WM zu Baku am Aserbaidschan.

Back to Top
CIM LOGO