
Organiséiert gëtt de Festival schonn zanter fënnef Joer vun der a.s.b.l. De Späicher, e Grupp vu Kolleegen, déi sech als Zil gesat hunn, lokale Museker eng lokal Plattform ze bidden. De But vum Festival ass also genee dat. Hei triede virun allem manner bekannte Lëtzebuerger Museker op. Nieft der Musek bitt de Festival och e kulturelle Programm fir déi ganz Famill un.
Freides ass den Entrée op de Crowfield Festival gratis. Hei ginn zwee Concerte vu Blue-ish a vu Liquid Smoke gespillt. Duerno geet et musikalesch weider mat der sougenannter "Späicher Gebeess"-Jam-Session, bei där d'Organisateuren zesumme mat e puer Kolleege spontan Musek maachen.
Samschdes geet et och kulturell weider mat engem Wine tasting an enger Rei Concerte vu 15 bis 1 Auer an der Nuecht. Duerno soll een DJ bis 3 Auer moies fir gutt Stëmmung suergen.
De Crowfield ass méi wéi just e Museksfestival an dofir kritt een iwwert de Weekend och ëmmer nees Theater, Workshoppen, Expoen, oder e Poetry slam gebueden an et ass och eng Tätowéierin op der Plaz.
Fir Iessen a Gedrénks ass natierlech och op der Plaz gesuergt an et gëtt ausserdeem e Camping, op deem ee vu freides bis sonndes direkt nieft dem Site schlofe kann. Ob mam Zelt oder Camper, alles ass erlaabt.
Fir d'Billjeeë vu samschdes gëtt et e Mindestpräis vun 21 Euro. Wie wëll, dierf awer och méi bezuelen an de Festival domat ënnerstëtzen. Kanner bis 12 Joer mussen näischt bezuelen a mam Kulturpass kritt een den Entrée wéi gewinnt méi bëlleg.
Dee komplette Programm mam Line-up vun de Concerte fannt Dir um Site vum Späicher.