Gebuerten 2025Sofia an Noah beléiftste Virnimm vum Joer

Tom Nols
Chris Meisch
D'Zuelen aus den dräi gréisste Maternitéë vum Land weise fir dëst Joer en eendeitegt Bild. Nieft Sofia an Noah waren och d'Virnimm Emma a Gabriel ganz am Trend.
© FOTOGRAV DI ANTONIO GRAVANTE/SCI/Science Photo Library via AFP

Wéi eng Virnimm goufen 2025 bei de Gebuerten am dackste gewielt? RTL huet an de grousse Klinicke vum Norden, vum Zentrum a vum Süden nogefrot a Stand 22.12.25 déi heiten Zuele matgedeelt kritt.

An der Stad Lëtzebuerg hu 5.768 Kanner d’Liicht vun der Welt erbléckt.
Déi beléiftste Virnimm bei de Meedercher waren: Sofia, Olivia, Emma an Alice.
Déi beléiftste Virnimm bei de Jonge waren: Noah, Gabriel, Liam a Leo.
Dozou sot d’Lydie Polfer nach, dass et an hirer Zäit als Buergermeeschtesch nach ni dozou komm wier, dass een Numm vun de Beamten hätt misse refuséiert ginn.

© RTL

Aus dem CHEM (Centre Hospitalier Emile Mayrisch) zu Esch-Uelzecht krute mir 855 Gebuerte matgedeelt. 433 Meedercher a 422 Jonge sinn do bis ewell dëst Joer op d’Welt komm.
Déi dräi beléiftste Virnimm bei de Meedercher waren: Emma (7), Sofia (6), Clara / Iris / Valentina / Giulia (5).
Déi dräi beléiftste Virnimm bei de Jonge waren: Leo (7), Noah / Matteo (6), Felix / Liam (5).

© RTL

Am CHdN (Centre Hospitalier du Nord) zu Ettelbréck sinn (Stand 23.12.25) 827 Kanner op d’Welt komm.
Déi beléiftste Virnimm bei de Meedercher waren: Emma a Liv (jeeweils 7).
De beléiftste Virnumm bei de Jonge war: Noah (11).

© RTL

Back to Top
CIM LOGO