Ënnert hirem Slogan “Mir schafen Zukunft” hunn déi Gréng e Samsdenmoien zu Zolwer hire Kongress ofgehalen. Dobäi gouf de Kaderwalprogramm fir d’Gemengewalen am Juni, deen de Lokalsektioune soll als Inspiratioun déngen, unanime ugeholl. Awer och d’Ännerung vun der Prozedur fir den nationale Spëtzekandidat oder d’Spëtzekandidatin ze nominéieren, huet déi breet Zoustëmmung vun de ronn 200 Member am Sall kritt. Déi Gréng wëlle mat enger Zukunftsvisioun an d’Gemengewale goen. D’Erausfuerderunge wiere grouss, dofir kéint een an dësen Zäiten net just nokucken, sou déi Gréng Co-Parteipresidentin Djuna Bernard. Et wéilt ee mat nei gestalten. An dat géing een als Gréng schonn op verschiddene Punkte maachen. Sujeten, iwwer déi deemno riets goung, sinn eng weider Begréngung vun den Uertschaften, besser Mobilitéitskonzepter an d’Schafe vu Plaze wou sech Mënsche kënne begéinen an austauschen. Awer och d’Energietransitioun war ee vun den ugeschwaten Themen.
Ee vun den Hoffnungstäger fir déi vill Iddien an de Gemengewalen um Terrain vun der Haaptstad kënnen ëmzesetzen, ass de François Benoy. «D’Léisunge sinn all do, a mir als Gréng hunn d’Ambitioun, fir dat unzepaken», seet de Spëtzekandidat aus der Stad Lëtzebuerg. Dat kéinten Déi Gréng am beschte maachen, wa se un der Spëtzt vun der Gemeng stéingen.
An d’Wale geet een dëst Joer mat groussen Uspréch, seet de Vizepremier François Bausch. Et wëll een offensiv virgoen an an der éischter Liga matspillen. «Wann ech d’Kräfteverhältnis haut kucken, wou mir als Gréng stinn, si mir ganz kloer op engem anere Level. A mir wäerte versichen, d’Leit ze iwwerzeegen, dass mir déi richteg Léisungen hunn. An déi richteg Leit, fir op ganz ieweschtem Niveau matzedecidéieren», sou de François Bausch.
Fir déi bescht Chancen dofir ze hunn, gouf unanime eng Resolutioun ugeholl, fir eng nei Prozedur bei der Designatioun vum nationale Spëtzekandidat. Oder éischter, an dësem Fall, Spëtzekandidatin. D’Justizministesch Sam Tanson wier ëmmer nach déi eenzeg Kandidatin, déi fir de Poste proposéiert gouf. Den nationale Spëtzekandidat géing dann der neier Prozedur no aus engem vun den 8 Bezierksspëtzen ervirgoen, sou d’Djuna Bernard. An de Bezierker wäert ee weiderhin op déi paritéitesch Duebelspëtzt setzen.