Eng equilibréiert Ernärung ass gutt fir d’Gesondheet, d’Liewensmëttelproduktioun ass ee wirtschaftleche Facteur an de Konsum vu lokalen a saisonale Liewensmëttel féiert zu engem méi niddregen CO2-Ofdrock. D’Iessgewunnechten hunn also een Impakt op eng Partie Liewensberäicher. Virun deem Hannergrond gëtt Lëtzebuerg sech fir déi éischte Kéier een nationalen Aktiounsplang vun der Ernärung. Detailer goufen op enger Pressekonferenz presentéiert an et huet ee sech nawell e bëssi eppes virgeholl.
Net manner wéi 40 Haaptmesuren an 80 Ënnermesurë solle bis 2030 ëmgesat ginn. Beim Ausschaffe vum Plang gouf de Begrëff “Participatioun” groussgeschriwwen. Nodeems am Juni 2023 schonn eng ILRES-Etüd bei Konsumenten a Produzenten duerchgefouert gi war, goufen am Mäerz an Abrëll 2025 esouwuel d’Chamber wéi och 60 Acteuren aus dem Beräich vum Ernärungssystem no hirer Meenung gefrot. Dozou hunn zum Beispill de Konsumenteschutz, Servior oder och d’Landwirtschaftskammer gehéiert. Um Enn goufe véier Haaptachsen definéiert, wéi d’Landwirtschaftsministesch Martine Hansen erkläert.
“Eng Haaptachs ass d’Alimentation équilibrée, eng zweet sinn déi regional, bio-regional a saisonal Produkter, dat hu mer beienee gefaasst, d’Konsumenten haten zwee verschidde Punkten, mee déi hu mer beienee gefaasst. Een drëtten Haaptpunkt ass d’Bekämpfung vun der Liewensmëttelverschwendung an ee véierten Haaptpunkt ass d’Liewensmëttelsécherheet an d’Liewensmëttelsouveränitéit.”
Déi véier Haaptachse sinn dann nees op véier Ënnerkapitelen opgedeelt. Well et de Kader gesprengt hätt, op all d’Mesuren am Detail anzegoen, goufen eenzel Mesuren erausgegraff.
Dozou gehéiert eng besser Visibilitéit fir Produzenten, déi hir Produite selwer vermaarten. Dozou d’Nathalie Unsen, zoustänneg fir d’Stratégie alimentaire am Landwirtschaftsministère:
“Do hu mer zum Beispill am Volet Sensibilisation et mobilisation ugeduecht, eng grouss Kartographie ze erstellen, wou all d’Direktvermaarter opgelëscht sinn, fir engersäits den Direktvermaarter méi Visibilitéit ze ginn an de Konsumenten awer och d’Informatioun ze ginn, wou se dann an hirer Ëmgéigend direkten Zougang zu de regionale Liewensmëttel hunn.”
Eng wichteg Roll bei der Sensibiliséierung géing och d’Éducation alimentaire spillen. Hei soll weidert neit pedagogescht Material, esouwuel fir d’Kanner wéi och fir d’Elteren, ausgeschafft ginn. Och an de Maisons relais soll ugesat ginn.
Op Nofro hin huet d’Martine Hansen awer ënnerstrach, datt sech d’Mesuren net op Privatpersounen oder den ëffentleche Raum beschränken, mee och bei de Betriber ugesat gëtt.
“Mir hunn eemol dat vum Anti-gaspi, do gi mer an d’Betriber eran, do ass eng Mesure, wou mer och Formatiounen ubidden. D’Leit maachen dat jo meeschtens onbewosst, wat mer u Formatiounen ubidden, fir u sech ze weisen, wou kann ech Liewensmëttel nach asetzen, wat kann ech maachen, fir datt ech manner Liewensmëttel ewechgeheien. Do gi mer an d’Betriber ran, allgemeng Sensibilisatioun vu méi regional, méi bio-regional, do schwätze mer och d’Betriber un. Mir schwätzen do d’Privatleit un, mee natierlech och d’Betriber.”
Wéi et aktuell ëm d’Ernärung zu Lëtzebuerg steet, kéint iwwerdeems net gesot ginn, well et un Donnéeë feele géing. Zanter dësem Joer an nach bis 2028 leeft um europäeschen Niveau d’Etüd LUXFOODS 2026-2028, déi op Basis vun engem Echantillon Detailer liwwere soll.
Et sollen dann och Indicateuren definéiert ginn, fir iwwerpréiwen ze kënnen, ob eenzel Ziler vum nationalen Aktiounsplang fir Ernierung erreecht goufen oder net.