E 25 Joer ale Mann stierft no engem gewaltsamen Incident um Futtballstraining zu Esch/Uelzecht. Dofir musse sech e Jugendtrainer an engem Spiller säi Papp elo viru Geriicht veräntweren.
De Prozess, deen dësen Dënschdeg virum Stater Gericht ugefaangen huet, soll de geneeë Verlaf vun den Evenementer an d’Responsabilitéit vun deenen zwee Beschëllegte klären, well den Ermëttlungen no ass d’Affer, nodeems et immobiliséiert gouf, mat sengem eegene Messer attackéiert ginn.
Wat ass geschitt?
Et ass den 20. Januar 2023, kuerz no 5 Auer kënnt et bei enger Trainingsunitéit vun der U13 vun der Jeunesse zu enger Ausernanersetzung. E Mann vun ausserhalb kënnt op den Terrain an et kënnt zu engem Sträit.
E Sträit, well dëse probéiert, um Terrain wärend dem Training vun de Kanner Futtball ze spillen. De Mann hätt komesch gewierkt, sech komesch beholl a liicht no Alkohol geroch, esou d’Ausso vum Jugendtrainer, bei der Enquête. Et koum zum Sträit an zu puer Persoune gouf dat spéidert Affer deen Ament nach vum Terrain gedréckt.
Dat spéidert Affer, dee mat enger Séjourskaart am Foyer vun der Caritas zu Esch gewunnt huet, mécht sech vum Terrain, kënnt awer eng hallef Stonn méi spéit zeréck. Dës Kéier mat zwee Messeren. Zwee Messeren aus engem Set, dat de Mann, der Police Judiciare no, deen Owend kaaft huet. Bei der Enquête gi beim Duerchsiche vum Zëmmer Xanax a Medikamenter géint Schlofproblemer fonnt.
D’Affer koum 2021 als Flüchtling op Lëtzebuerg
D’Affer huet zanter senger Arrivée a véier verschiddene Foyeren zu Lëtzebuerg gelieft. Ëmmer nees koum et zu disziplinaresche Problemer. Et goufen ëmmer nees Plainte wéinst sexueller Belästegung. D’Affer soll 2022 enger Fra an engem Bus mat engem Hack-Messer gedreet hunn. Och koum et zu Tëschefäll mat Mannerjäregen am ëffentlechen Transport.
No éischtem Sträit eskaléiert d’Situatioun
Wéi et virum Stater Gericht heescht, hätten e puer vun de Leit, déi present um Jeunesser Terrain waren, et fäerdeg bruecht, de jonke Mann vu 25 Joer ze entwaffnen. Wéi de Mann probéiert huet ze flüchten, gouf dëse vum Haaptugekloten, dem Jugendtrainer, ob de Buedem gehäit an immobiliséiert.
Duerno gouf mat engem Steen op d’mannst dräimol op de Kapp ageschloen. Mam Messer vum Ugräifer hätt den Här - esou bestätegen Zeien an d’Geriichtsmedezinnerin - dräimol agestach. Op den Hënner an op de rietsen Uewerschenkel. Hei gouf déi femoral Arterie getraff. D’Konsequenz: et kënnt zu héijem Bluttverloscht.
D’Affer gëtt nach 15 Minutten op der Plaz reaniméiert - stierft awer e puer Stonnen drop am Spidol zu Esch un Organversoen.
Wärend der Dot, esou Zeien, soll de Jugendtrainer geruff hunn, datt hie keng Angscht virum Mann hätt. E géif en ëmbréngen, well e mat Messere komm wier fir seng Kanner unzegräifen. Dat weist den Haaptugekloten awer vu sech. Um Trainingsterrain war och säin deemoleg 16 Joer alen Hallefbrudder. De Jugendtrainer war bei der belscher Police bekannt. Dës war 2022 bei seng Frëndin heem geruff ginn, well den Här dës mat engem Messer an enger Staang menacéiert hat.
Och eng zweet Persoun ugeklot
Nieft dem Trainer steet och en deemools 40 Joer ale Papp vun engem Spiller viru Geriicht. Him gëtt Kierperverletzung virgeworf. Der Enquête no soll hien eng Zill op d’Broscht vum Mann gehäit hunn. Dësen hätt awer, esou den Enquêteur vun der Police Judiciaire, ëmmer nees probéiert, de Jugendtrainer ze berouegen. Dëse wier zur Zäit vun der Attack a Rage geroden.
D’Geriicht muss elo déi genee Sequenz vun den Evenementer rekonstruéieren an iwwer déi kriminell Responsabilitéit vun deenen zwee Beschëllegten entscheeden. Et ginn Ukloe vu kierperlechem Schued, deen zum Doud, respektiv Doutschlag géint den Trainer resultéiert, souwéi “lésions corporelles intentionnelles” géint de Papp. De Prozess ass fir dräi Deeg geplangt a soll en Donneschden ob en Enn kommen.
Ee Joer no déidlechem Virfall op Futtballterrain: Affär gëtt weider ënnersicht, Verdächtegen net méi an Untersuchungshaft (22.1.24)
No Mord u Jonkem am Januar: Dot op Escher Futtballterrain nogestallt (11.7.23)
Déidlechen Tëschefall um Escher Futtballterrain: Enquête dierft nach “eng gutt Zäit” daueren (6.2.23)
Eng Persoun gestuerwen: Déidlechen Tëschefall mat Messer beim Trainingsterrain vun der Jeunesse Esch (21.1.23)