Eng Persoun gestuerwenDéidlechen Tëschefall mat Messer beim Trainingsterrain vun der Jeunesse Esch

RTL Lëtzebuerg
No engem Tëschefall mat engem Messer e Freideg op engem Futtballterrain zu Esch, ass de presuméierten Täter e Samschdeg u senge Blessure gestuerwen.
© Domingos Oliveira / RTL

Dat deelt de Parquet an engem Schreiwes mat. De Mann soll Spiller an Trainer verbal a kierperlech attackéiert hunn. Doropshin hätte Membere vum Futtballclub de Mann iwwerwältegt. Dobäi wier dësen allerdéngs esou schwéier blesséiert ginn, dass hien huet missen d’Urgence operéiert ginn. Hien ass allerdéngs e Samschdeg de Moie fréi u senge Blessure verscheet.

De Parquet huet d’Ermëttlungen an dëser Affär opgeholl. Ee verdächtege gouf festgeholl a koum virun den Untersuchungsriichter.

Schonn e Freideg den Owend hat d’Police RTL géigeniwwer confirméiert, dass et op engem Trainingsterrain vun der Escher Jeunesse zu engem Tëschefall komm wier, bei deem e Messer am Spill war an eng Persoun gepickt a blesséiert gouf.

Wéi Zeien, déi op der Plaz waren, RTL géigeniwwer soten, wier wärend engem Training vun enger Nowuessekipp e frieme Mann mat engem Messer op den Trainingsterrain vum Veräin komm a wier op e puer Persoune lassgaangen.

Back to Top
CIM LOGO