No Mord u Jonkem am JanuarDot op Escher Futtballterrain nogestallt

RTL Lëtzebuerg
Wéi de Parquet matdeelt, waren ënnert anerem déi 3 Beschëllegt derbäi. D'Enquête leeft weider.
© RTL-Archiv

Um Dënschdeg huet den zoustännegen Untersuchungsriichter d’Faite ronderëm de Mord un engem 25 Joer ale Mann den 20. Januar op engem Futtballterrain vun der Escher Jeunesse nostelle gelooss. Esou de Parquet an engem Communiqué. Dat a Presenz vun deenen 3 Beschëllegten, hiren Affekoten, engem Zeien an dem Affekot vun der Partie civile.

D’Rekonstitutioun hätt zum Zil, dat Ganzt besser ze verstoen an der Wourecht méi no ze kommen. Och Membere vun der Police technique, vun der Police judiciaire an ee Magistrat vum Stater Parquet ware sur place. D’Enquête vun der Police judiciaire géing iwwerdeems ënnert der Responsabilitéit vum Untersuchungsriichter weidergoen.

Back to Top
CIM LOGO