
Et war e Freidegowend um Trainingsterrain vun der Escher Jeunesse. Hei ware 26 Jongen a Meedercher am Alter tëscht 12 an 13 Joer um Terrain, wéi e Mann mat engem Messer op d’mannst eng Persoun attackéiert. Den Ugräifer gouf vu Leit op der Plaz immobiliséiert an dobäi esou schwéier blesséiert, dass en noutoperéiert gouf a spéider u senge Blessure gestuerwen ass.
Deemools koum eng Persoun an Untersuchungshaft a krut Doudschlag virgehäit. RTL-Informatiounen no goufe weider Persoune vum Untersuchungsriichter gehéiert.
Vill nei Informatioune ginn och ee Joer no der Dot net kommunizéiert. D’Persoun, déi an Untersuchungshaft war, koum schonn Enn Juli 2023 ënner Oplage fräi. Ëm de selwechten Dréi gouf och eng Rekonstruktioun vum Virfall um Terrain selwer gemaach.
Wéi de Parquet matdeelt, goufe schonn eng Partie Devoiren an der Enquête ofgeschloss an d’Instruktioun wier wäit fortgeschratt. Ob a wéi et zu engem Prozess kënnt, ass nach net gewosst.