
Méi genee hat e Mataarbechter vun engem Buttek an der Rue du Curé zu Dikrech gemellt, datt géint 19 Auer en E-Scooter geklaut gi wier. De Besëtzer hätt dëse kuerz virum Buttek ofgestallt.
Am Kader vun der Sich konnt d’Police géint 21 Auer e Verdächtegen an der Géigend vun der Ettelbrécker Gare ermëttelen, deen de geklauten E-Scooter bei sech hat. De Verdächtege koum mat op de Police a gouf op Uerder vum Parquet protokolléiert. Den E-Scooter gouf saiséiert a koum zréck u säi Besëtzer.
Kette geklaut
Weider mellt d’Police nach den Déifstall vun enger Ketten. Deemno wier et géint 21.20 Auer e Samschdeg an der Fëmmzon um Quai 10/11 op der Gare zu engem Déifstall vun enger Kette komm. Den Täter hätt d’Affer fir d’éischt an e Gespréich verwéckelt, éier hie sengem Affer d’Kette vum Hals gerappt huet. D’Affer konnt d’Ketten zwar unhalen, dës gouf awer beschiedegt. Den Täter ass doropshi geflücht a konnt net vun de Poliziste fonnt ginn. Am weidere Verlaf huet d’Affer gemierkt, datt säin Handy net méi do wier. D’Ermëttlunge goufen opgeholl.