Den 12. November fir d'lescht gesinnDen 52 Joer alen Nehad Al Sharafi gëtt vermësst

RTL Lëtzebuerg
D'Police huet eng Vermësstemeldung fir den Nehad Al Sharafi erausginn.
© RTL Grafik / Police

Den 52 Joer ale Mann gouf fir d’lescht den 12. November um 12.30 Auer mëttes gesinn. Deen Ament hat hien eng donkel Jackett, eng Jeansbox, e Berêt an e Sonnebrëll un.

Wien Informatiounen iwwert de Vermëssten huet, ass gebieden, sech beim Policekommissariat Réiserbann ze mellen. Dat ënnert der Telefonsnummer 244 61 1000 oder via Mail u “police.reiserbann@police.etat.lu”.

Back to Top
CIM LOGO