Via Myguichet.luDen Accès op den elektronesche Patientendossier gëtt vereinfacht
MyGuichet.lu erméiglecht elo den direkten Zougang zum Dossier de soins partagé (DSP).
Bierger kënnen hire eSanté-Kont online aktivéieren an direkt op hire perséinleche Patientendossier zougräifen – ouni op e Code per Post ze waarden. Néideg si LuxTrust-Authentifikatioun an e privaten Espace op MyGuichet.lu. Alternativ bleift den Zougang iwwer esante.lu oder d’App MyDSP méiglech.
Den DSP erméiglecht:
- Gesondheetsdaten anzegesinn (Analysen, Radiographie, etc.)
- Rechter un Dokteren oder Urgencen ze verginn
- Medizinesch Infoe selwer ze deposéieren
- Wëllen ausdrécken (z. B. Organspenden)
- Assistant DSP definéieren (z. B. fir Elteren oder Persounen, déi Hëllef brauchen)
Communiqué : Accès facile au Dossier de soins partagé (DSP) via MyGuichet.lu (01.12.2025)