Ulafstell fir Affer vun DiskriminatiounenDen Andy Schammo gëtt neie President vum Centre pour l'égalité de traitement

RTL Lëtzebuerg
Den neie President vun der Ulafstell fir Affer vun Diskriminatiounen, déi un d’Chamber rattachéiert ass, gouf an der Chamberplenière designéiert.
© RTL

Et war déi eenzeg Kandidatur. Am Summer hat d’Susanna van Tonder hir Demissioun als CET-Presidentin agereecht. Als Grond hat si strukturell Dysfonctionnementer awer och gesondheetlech Grënn genannt. D’Mandat vun der CET-Presidence geet bis Mäerz 2029. Den Andy Schammo ass zanter engem Joer Member vum Verwaltungsrot vum CET.

Back to Top
CIM LOGO