
Wéi mer vun der Bank confirméiert kruten, gëtt et zanter dem 26 .Mäerz eng nei Method, fir sech um S-Net anzeloggen, wann een iwwer Luxtrust Mobile fiert. Nodeems ee seng User ID a säi Passwuert aginn huet, kritt ee kee Push-Message méi vun der Luxtrust-App geschéckt, mee et muss een elo d’LuxTrust-App opmaachen an dann domadder ee QR-Code scannen, deen op der Säit vum S-Net ugewise gëtt.
Duerno gëtt ee, wéi och virdrun, säi Code (oder d’Gesiichtsidentifikatioun ) vun der Luxtrust-App gefrot an da kritt een nach een aachtstellege Code (OTP) ugewisen, deen ee bannent enger Minutt muss op der S-Net-Säit aginn, fir Accès ze kréien.
D’Spuerkeess geet domadder nach ee Schrëtt méi wäit, fir den Accès zum Online-Banking nach méi sécher ze maachen. Wann der Iech wëllt aloggen, ass hei genee beschriwwen (FR / DE / EN), wat der musst maachen: S-Net - Spuerkeess. An da kënnt der och nach weider Informatioune kréien, Schrëtt fir Schrëtt, wéi der musst virgoen: Spuerkeess: S-Net Desktop, login par code QR.