
Déi gréisst méiglech Opklärung an déi gréisst méiglech Transparenz bräicht een am Dossier ëm de suspendéierte Chirurg Philippe Wilmes. Dat huet d’Oppositioun e Méindeg de Moien an der Chamber betount. Déi Gréng haten an deem Kontext scho lescht Woch eng Demande un d’Gesondheetsministesch gemaach, fir esou séier wéi méiglech d’Santéskommissioun zesummenzeruffen, huet d’Sam Tanson nach eemol betount. Déi ganz Affär wier net gutt fir d’Vertraue vun de Patienten a Patientinnen an de Gesondheetssecteur. Wie Recht huet a wat schif gaangen ass, wier à ce stade onméiglech ze jugéieren. Dofir misst den Dossier vun engem onofhängegen Expert analyséiert ginn, seet déi gréng Deputéiert Sam Tanson.
Wisou huet dat Ganzt esou laang gedauert? Ass d’Prozedur, déi ugewannt gouf, nach zäitgeméiss? Gouf d’Prozedur richteg applizéiert? Déi Froe stellt och de Marc Baum vun déi Lénk an ënnersträicht, datt d’Virwërf vu Verstëmmelunge ganz grav wieren. Dobäi kéim, datt déi ganz Affär och eng grouss politesch Dimensioun hätt, well de betraffenen Dokter ënnert anerem mam Projet Findelklinik fir eng weider Liberaliséierung a Privatiséierung vum Lëtzebuerger Gesondheetssystem géif stoen, seet de Marc Baum. Et dierft een och net vergiessen, datt hien Negociateur fir d’DP fir de Koalitiounsaccord war. Dofir géife sech och politesch Froe stellen, déi och an der Chamber traitéiert misste ginn. Et misst ee kucken, wat de Koalitiounsaccord nach Wäert wier, esou den Deputéierte vun déi Lénk am RTL Interview.
De Mars Di Bartolomeo vun der LSAP wollt sech net konkret zum Fall äusseren, sot awer, datt d’Autoritéiten, déi den Dossier analyséieren, wuel eng Differenz tëscht dem politeschen Engagement a sengem Handelen als Dokter a sengem Beräich kéinte maachen. Den LSAP-Deputéierten huet iwwerdeems nach eemol op d’Motioun vu senger Partei-Kolleegin Paulette Lenert verwisen, déi lescht Woch an der Chamber deposéiert gouf, déi Qualitéitskontrolle gefuerdert huet. De Mars Di Bartolomeo kann net novollzéien, datt d’DP an d’CSV déi Motioun net matgestëmmt hunn. Hei géif et net ëm eng Ausernanersetzung tëscht Majoritéit an Oppositioun, mee ëm den Asaz fir de Patient goen.