
Eis läit nämlech mëttlerweil de ministeriellen Arrêté vir, deen d’Gesondheetsministesch Martine Deprez decidéiert huet, an deen op leschten Donneschdeg, den 22. Januar datéiert ass. Mat dësem Arrêté kritt de viséierten Dokter effektiv fir dräi Méint seng Autorisatioun, fir als Dokter ze exerzéieren, entzunn. E bezitt sech ausschliisslech op d’Akten, déi mat senger Funktioun als orthopädesche Chirurg ze dinn hunn.
D’Ministesch bezitt sech an hirer Argumentatioun op eng ganze Rëtsch Consideratiounen, déi sech iwwer annerhallef Säit zéien. Erausstécht virun allem e Saz, dass d’Reprochë fondéiert a plausibel wierken. Ënnert anerem geet aus de Consideratiounen ervir, dass de Collège médical schonn de 16. Dezember zejoert en Avis zu dëser Affär gemaach huet. En Datum, deen och de Parquet an engem Communiqué d’lescht Woch e Freideg confirméiert hat. No der Analys vun deem Dossier an de respektiven Dokumenter wier awer zeréckbehale ginn, dass dem Medezinner keng strofrechtlech Infraktioune kéinte reprochéiert ginn, hat de Parquet wësse gedoen. Et kéim deemno net zu strofrechtleche Suitten.
D’Ministesch schreift an hirem Arrêté awer, dass et e Verdacht géif ginn, dass Agrëffer vum Dokter qualifizéiert kéinte ginn als, Zitat : “Actes de nature mutilante”. Also als méiglech Verstëmmungen. Dräi Dokteren - zwee Spezialisten an der Orthopädie an ee Spezialist fir d’Radiologie - hätten déi denoncéiert Faiten och bestätegt, schreift d’Ministesch weider.
De viséierten Dokter huet iwwregens ee Mount Zäit, fir Recours géint dee ministeriellen Arrêté ze maachen. Säin Affekot hat jo e Freidegmoie schonns wësse gedoen, dass déi partiell Suspendéierung vum Beruffsrecht vu sengem Mandant e grave Verstouss géint d’Grondprinzippie vun der Rechtsstaatlechkeet géifen duerstellen. Et wär eng willkürlech an disproportionéiert Decisioun, déi dauerhaft an onjustifiéiert de Ruff vum Dokter géif schiedegen. Dofir wëll een um Verwaltungsgeriicht géint d’Reprochen an d’Prozedure virgoen.
Den Dokter ass jo mëttlerweil och intern vun den Hôpitaux Robert Schumann (HRS) temporär suspendéiert. Wéi ëmmer gëllt d’présomption d’innocence. Dem Wort géintiwwer, déi den Arrêté och virleien hunn, sot den Affekot iwwerdeems, dass e Méindeg am Laf vum Dag de Conseil médical beienee komme soll, wou de concernéierten Dokter dann och selwer gehéiert gëtt.