Geplangt ware Wunnengen, Büroen a Geschäfter um Site vun der fréierer Brauerei. 13 Joer méi spéit goufen zwar Deeler vun den ale Gebaier ofgerappt, mee Liewen ass awer nach kengt um Site. Ma an der Béierstad gëtt et awer d’Hoffnung, datt sech dat geschwënn ännere kéint.
Et ware scho schick Pläng, déi 2012 presentéiert goufen. Virgesi war, datt déi schützenswäert Elementer vun der fréierer Brauerei mat moderne Gebaier kombinéiert sollte ginn.
John Penning (Ee vun den initialen Investisseuren)
“Mir hu vun Ufank u gesot, dat wier ee Projet, dee laang géing daueren. Et ass ee grousse Projet an enger Stad wéi Dikrech, et ass näischt, wat ee soll iwwert de Knéi briechen.”
An datt se eppes iwwert de Knéi gebrach hätten, kann een de Promoteuren nu wierklech net virwerfen. Well obwuel et schonn zanter 2014 ee PAP fir de Site gëtt, ass 11 Joer méi spéit nach net sou ganz vill geschitt. Dobäi hat ee viru gutt dräi Joer duerchaus kënne mengen, datt et endlech richteg lassgoe géing. Deemools gouf am méi grousse Stil mat Ofrappen ugefaangen an et hat een och eng konkret Zäitschinn am Kapp.
Régis Ortmans (Deemools Regionaldirekter vu Matexi)
“L’idée c’est de pouvoir rentrer les permis pour commencer les travaux, notamment de la Zuckerfabrik et du lot 4 just ici à nos côtés dans le courant de 2024 avec un début des travaux au courant de 2025.”
Ma dat Zil gouf awer kloer verpasst. D’Zockerfabrick gesäit haut net wesentlech anescht aus wéi kuerz nom Feier am Abrëll 2021. Deemools war dat ronn 150 Joer aalt Gebai bis op d’Grondmaueren zerstéiert ginn. De Brand war wuel ongewollt vu Jonken ausgeléist ginn.
Op Nofro beim INPA heescht et, datt bis elo nach kee Konzept agereecht gouf, dat weist, wat mat dem denkmalgeschützte Gebai geschéie soll. Ma déi Gemengeresponsabel weise sech trotzdeem optimistesch, datt sech geschwënn eppes um Site doe kéint.
“Als Gemeng hate mir iwwert dat lescht Joer respektiv déi lescht annerhallef Joer ee ganz intensive Kontakt mat de Promoteuren. Et ass u sech eng aktualiséiert Geneemegungsprozedur lancéiert ginn, mir si bei enger Modifikatioun vum PAP ukomm an d’Gemeng wier u sech prett, fir Ufank 2026 endlech Baugeneemegungen auszestellen, mir hoffen, datt dat och klappt”, seet den Dikrecher DP-Schäffe José Lopes.
Wat d’Envergure vum Projet ugeet, ass déi nach ëmmer déi selwecht wéi am Ufank a fir Dikrech mat sengen aktuell ronn 7.500 Awunner guer net sou kleng.
“De PAP gesäit aktuell vir tëscht 109 an 310 Logementer. Et muss ee sech virstellen, de PAP gesäit a sech nëmmen eng Forschette vir, vun deem, wat méiglech ass. Et ass eng Zon, wou Logementer, wou Commercen an och aner Aktivitéite kënnen hikommen a well mer nach keng Baugeneemegungspläng hunn, wësse mer nach net ganz genee, a wéi eng Richtung et geet. Mir kenne just d’Eckdonnéeën, also wéi gesot tëscht 109 an 310 Logementer.”
De charakteristeschen Tuerm muss zwar ofgerappt ginn, ma et soll awer een neien Tuerm mat engem änleche Gabarit gebaut ginn, wann och vläicht net genee op déi selwecht Plaz.
Mir hätten natierlech och gäre mat de Responsabele vum Projet geschwat, mee si ware leider net zu engem Interview bereet. Mir hate scho viru ronn engem Joer am Kader vun enger Serie iwwert Bauprojeten, déi net richteg viru ginn, per Mail Kontakt, mee op eemol koum keng Äntwert méi. Viru ronn engem Mount hu mer du rëm Kontakt opgeholl an déi Responsabel hu sech am Fong och bereet gewisen, een Interview ze ginn. Ech hunn och zwee Mol mam Thierry Klaa vu Citadel Real Estate Partners telefonéiert, ma wéi mer du konkret Propose fir een Interview gemaach hunn, koum op eemol awer keng Reaktioun méi.
Lescht Zweiwel, datt sech séier eppes um Site deet, sinn also duerchaus erlaabt.