Soll Operatioune gemaach hunn, déi net néideg waren Detailer iwwer d'Reprochë géint e Chirurg vun den HRS

Annick Goerens
D'Hôpitaux Robert Schuman hunn en Dënschdegnomëtteg decidéiert, e Chirurg temporär ze suspendéieren. Dëst wier eng Mesure de précaution.
Operatioun um Knéi Symbolbild
Operatioun um Knéi Symbolbild
© pexels.com / Viktors Duks

Hannergrond ass e Bréif, dee vu sechs Confrèren aus dem CHL geschriwwen gouf. Si erhiewe schwéier Reprochë géint den Medezinner.

“Conformément à notre devoir d’information et dans l’intérêt de la protection des patients”, dat ass den éischten Saz aus dem Bréif, deen de 6. Januar un d’Generaldirektesch vum CHL, d’Dokter Martine Goergen gaangen ass. d’Doktere schreiwen, dass si mam Bréif eng formell Alerte wéilte maachen wéinst “certaines pratiques chirurgicales dans le domaine de la chirurgie du ligament croisé antérieur du genou”. Weider geet et da mat de bekannten Erklärungen.

Detailer iwwer d’Reprochë géint e Chirurg vun den HRS / Annick Goerens

Zanter 2023 wier ee bei de Servicer vun der Chirurgie orthopédique an der Médecine du sport mat Patiente konfrontéiert gewiescht, déi fir eng Rekonstruktioun vum Kräizband operéiert goufen, “malgré la présence d’un ligament intact”.

No enger onofhängeger Evaluatioun an enger Diskussioun ënnert Kolleegen, hätt sech dunn erausgestallt, dass all déi Patienten vum nämmlechte Chirurg aus den Hôpitaux Robert Schuman operéiert goufen. Weider ass ze liesen “la discordance entre les règles de bonne pratique professionelle d’une part et les actes techniques recommandés ou réalisés par le collègue d’autre part semble être récurrente et perdure jusqu’à ce jour.” “La dernière victime”, wéi si schreiwen, wier kuerz virun Chrëschtdag 2025 operéiert ginn.

Vun deenen zéng Patienten, bei deenen eng Rekonstruktioun vum Kräizband gemaach gouf, hu verschiddener duerno nach eemol missen am CHL operéiert ginn. Iwwer déi aner fënnef Patienten, déi net operéiert goufen, obwuel den Chirurg dat wollt, ginn et weider Detailer an enger Annex vum Bréif. Dora steet zum Beispill, dass den Dokter e Kräizbandrass op béide Säiten diagnostizéiert hat an déi och operéiere wollt. Ma um IRM hätt ee gutt gesinn, dass dat net de Fall war. Wier do operéiert ginn, wier dat carrement eng Kierperverletzung gewiescht, sou de Constat vun de sechs Dokteren aus dem CHL.

Aus deene Grënn hätte sech d’Doktere gezwonge gesinn, hire “supérieur hiérarchique” doriwwer z’informéieren. “La présente notification est faite sans motifs personnels ou économiques et vise exclusivement à permettre une clarification objective dans l’intérêt des patients et de la profession médicale.”

De Chirurg gouf also intern bei den Hôpitaux Robert Schuman suspendéiert. Den Dossier läit awer och am Santésministère. RTL-Informatiounen no gesäit d’Ministesch den Dokter e Mëttwoch fir eng Entrevue. Wann eng Gefor fir d’Patienten besteet, kann d’Martine Deprez dem Dokter temporär d’Autorisatioun fir ze praktizéieren entzéien. Dës Suspensioun ka bis zu dräi Méint daueren. Domat dierft hien dann och net méi baussent dem Spidol schaffen.

Mir hunn den concernéierten Dokter kontaktéiert, mee krute keng Reaktioun.

Et gëllt natierlech wéi gewinnt d’Présomption d’innocence.

Back to Top
CIM LOGO