SantéD'Fäll vu Gripp sinn nees liicht zeréckgaangen

RTL Lëtzebuerg
An der fënnefter Woch vum Joer goufen 629 Fäll gemellt. D'Woch virdru waren et der nach 748.
© RTL

De Gesondheetsministère rappeléiert a senger Retrospektive, datt et nach ëmmer méiglech ass, sech impfen ze loossen.

© Ministère de la Santé et de la Sécurité sociale

Beim RS-Virus gëtt et e Réckgang vun de Fäll. An der genannter Woch goufen et den offiziellen Zuelen no 101 Fäll. Och d’Covid-Infektiounen si liicht an der Baisse. Tëschent dem 26. Januar an dem 5. Februar goufe 84 Fäll nach detektéiert, e Minus vu 6%. An de Kläranlagen ass d’Konzentratioun vum Virus liicht erop gaangen.

Infections respiratoires: rétrospective de la semaine du 26 janvier au 1er février 2026 (05.02.2026)

Back to Top
CIM LOGO