
D’Gemeng ënnersträicht an engem Post op de soziale Medien, dass weder de Lamesch nach Valorlux esou Kaarte verschéckt, respektiv schelle kënnt, fir Geld ze froen. D’Gemeng rifft och d’Leit op, virun allem eeler Noperen an der Gemeng do virdrun ze warnen, well déi eventuell net op de soziale Medien aktiv sinn.
Och an anere Gemenge sinn esou Kaarte verdeelt ginn. Betraff sinn ënnert anerem Miersch a Käerjeng.