Däichhal a bis zu 400 Bauere waren op der Plaz. Nieft der Fro wéi d’Servicer vu MyGuichet hiren Alldag méi einfach kënne maachen, goung et natierlech och ëm d’Previsiounen op de Mäert. No deene villen Turbulenzen, fir déi de russeschen Iwwerfall op d’Ukrain gesuergt huet, hunn d’Mäert sech, wat d’Produktiounsmëttel ugeet, stabiliséiert, heescht et vum Direkter vum Service d’économie rurale, dem Roger Barthelmy, esou datt een als Bauer méi optimistesch kann an Zukunft kucken.
“Fir dëst Joer elo an och fir déi nächst Méint, wat d’Präisser ubelaangt, och d’Agrarproduktspräisser wéi Mëllech, Rëndfleesch, Karkassen, d’Schwäin zum Deel och. Dat huet sech awer dëst Joer eigentlech gutt entwéckelt, dofir sinn déi Präisser och vill besser ze verkraafte vun de méi héije Käschten. An et hofft een, datt dat elo emol déi nächst Joren esou bleift.”
Eis Käschte ginn net onbedéngt erof, confirméiert de Christian Hahn, President vun der Landwirtschaftskammer. Mee d’Präisser géife weider klammen, zum Beispill duerch Taxen op Dünger. Déi zoustänneg Ministesch, d’Martine Hansen, wëll dem Secteur ënnert anerem d’Liewen méi einfach maachen andeems déi administrativ Aarbecht manner komplizéiert gëtt. Stéchwuert Digitalisatioun.
“Mir wäerten am Laf vum nächste Joer een neie System kréien, fir u sech Déieren ze erfaassen. D’Oueremarke vun den Déieren, an och déi mussen iwwer MyGuichet goen an et kommen awer reegelméisseg Kaalwer op d’Welt. Dat geet also net, datt een dat just nach eemol am Joer mécht, mee do muss ee reegelméisseg all Dag op MyGuichet goen. Dofir hunn ech gesot, et geet kee Wee méi laanscht de MyGuichet.”
Ganz friem ass déi Plattform de Baueren net. D’Berodungsmoduler ginn zum Beispill elo schonn iwwer MyGuichet ugefrot. Betriber, déi net eens ginn, kréie gehollef, mä fir d’Berodungspartner wéi d’IBLA, CONVIS oder d’Landwirtschaftskammer war et am Ufank schonn en Challenge, seet de President vun der Chambre de l’agriculture, de Christian Hahn.
“Mir hu ganz vill Leit, déi hunn nach keen Token. Aus Altersgrënn, well se sech nach net dra geschafft hunn an, jo, do hu mer probéiert, sou vill wéi méiglech déi Leit dann drun ze erënneren a mat hinnen ze schaffen. Déi eng oder aner hunn dann ee gemaach. E Flächenantrag, dee schonn ëmmer iwwert de MyGuichet gaangen ass, do konnt de Beroder sech fir de Bauer aloggen. Dat huet et vläicht bei deene Betriber nach méi no hanne gedréckt, well se einfach geduecht hunn, si bräichte keen Token. Ech mengen, elo ass dann den Déngen, wann d’nächst Joer déi nei Enregistréierung fir d’Véi kënnt, jo, da muss een een hunn, et kann een net all Dag ee ruffen, wann e Kallef op d’Welt kënnt.”
Um Dag vun der Landwirtschaft goung et awer net just ëm Neies am administrative Beräich. Et gouf zum Beispill och gewisen, wat d’Landwirtschaft alles fir den Natur- an Ëmweltschutz mécht an et goung och ëm Emissioune vun Ammoniak a Methan. D’Ministesch Martine Hansen sot, si wier frou, datt hei am Land den Trend no ënne konnt bäibehale ginn.