
D’Chamber wäert bis op Weideres d’Internetverbindung vun all hiren IT-Systemer - dorënner hiren Internetsite an hir Messagerien - kappen. Dës Mesure trëtt e Mëttwoch um 18.30 Auer a Kraaft a soll bis op d’mannst en Donneschdegmoien um 8 Auer daueren.
Wéi et an engem Communiqué heescht, géif et sech dobäi ëm eng Virsiichtsmoossnam handelen. De Schrëtt wier néideg, fir dass déi technesch Ekippe sech kéinten ëm e confirméierte Risiko këmmeren.
