ChamberwalenDP presentéiert hir Lëscht fir den Zentrum

RTL Lëtzebuerg
Déi Liberal hunn d'Nimm vun hiren 21 Kandidate publizéiert. Nieft de Mandatairen aus Regierung a Chamber stiechen een Dokter an ee fréiere Schwëmmer ervir.

Mat der Duebelspëtzt aus dem Premier Xavier Bettel an der Finanzministesch Yuriko Backes geet d’DP am Bezierk Zentrum an d’Chamberwalen den 8. Oktober.

Do dernieft stelle sech och d’Deputéiert Guy Arendt, Simone Beissel, Frank Colabianchi, Claude Lamberty a Lydie Polfer nees de Wieler. Och den Numm vun der fréierer Familljeministesch an aktueller Stater Schäffe Corinne Cahen ass op der Lëscht ze fannen.

Bemierkenswäert ass, datt den Dr. Gérard Schockmel fir déi Liberal an d’Course geet. Den Infektiolog stoung wärend der Corona-Pandemie als Expert dacks an der Ëffentlechkeet. Och de fréiere Schwëmmer Raphaël Stacchiotti dierft ville Leit ee Begrëff sinn. Hei déi komplett Lëscht.

Op der DP-Lëscht-Zentrum trieden 11 Fraen an 10 Männer un. D’Altersmoyenne läit bei 52 Joer.

2018 haten déi Liberal am Zentrum 24,17 Prozent vun de Stëmmen an domadder 5 Sëtz areecht. An de Gemenge Bartreng, Lëtzebuerg a Stroossen war d’DP déi stäerkste Kraaft.

PDF: Schreiwes vun der DP-Zentrum

Back to Top
CIM LOGO