
D’Police mellt, dass e Méindeg den Owend an en Haus an der Rue des Érables zu Zolwer agebrach gouf. Et gouf e Safe ausgeraumt an och Auere goufen hei geklaut.
E weideren Abroch gouf et an der Nuecht op en Dënschdeg an en Haus an der Rue de Biwisch zu Ëlwen. Hei hunn d’Brigange sech fir den en Autosschlëssel interesséiert, deen et hinnen erméiglecht huet, de passenden Auto och ze klauen. Trotz enger direkt ageleeter Sichaktioun konnten Täter an Auto net fonnt ginn.
Am Kader vun enger Enquête wéinst Bedruch huet d’Police e Méindeg de Moien en Haus zu Haassel duerchsicht. Heibäi gouf eng gréisser Quantitéit Cannabis an Haschisch fonnt, grad ewéi Boergeld, Pefferspray an eng Partie Handyen. Op Uerder vum Parquet gouf de presuméierten Drogendealer verhaft an hat um Méindeg de Mëtteg Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.