Online-Bestellunge leien am TrendD'Post liwwert virun de Feierdeeg ronn eng Millioun Päck aus

Jeannot Ries
D’Chrëschtdags-Geschäft boomt online. Eng Millioun Päck. Dezember ass en Heemount fir d’Post.
D'Post liwwert virun de Feierdeeg ronn eng Millioun Päck aus
Online-Bestellunge leien am Trend

Online-Bestellunge leien am Trend. Kamoud, séier, bis op d’Hausdier. Et ginn der ëmmer méi. Eleng d’Post wäert dëse Mount ronn eng Millioun Päck verdeelen. Den Héichpunkt gouf mat 306.000 Colise bannent der zweeter Dezember Woch erreecht.

Black Friday, Niklosdag an elo Chrëschtdag. Déi zwee lescht Méint si fir d’Mataarbechter vun der Post déi ustrengendst vum Joer. Mat enger klorer Tendenz: iwwerdeems ëmmer manner Chrëschtkaarte verschéckt ginn, hëlt et u Päck Joer fir Joer zou.

“Mir hunn dëst Joer eng Millioun Colise méi wéi d’lescht Joer a mir wäerten dëst Joer iergendwou op néng an eng hallef Millioun Colisen erauskoumen. Wat schonn awer en Challenge war fir d’ganz Ekipp hei um Tri”, sou de Mario Treinen, Direkter vu Post Courrier.

Waart Dir weider ongedëlleg op e Kaddo, deen e Mëttwoch ënnert dem Beemche leie soll? Net opginn. Et ass villäicht ee vun deenen, déi haut am Centre de Tri vun der Post ënnerwee waren. Um 11 Auer en Dënschdeg de Moie stoungen um Krakelshaff nach ëmmer d’Camionen an der Rei, fir ofgelueden ze ginn. Päck, déi all e Mëttwoch mat op déi lescht Tournée viru Chrëschtdag goe wäerten. De leschte grousse Rush, um Enn vun engem weidere Rekordjoer, wat d’Päck ubelaangt.

“Mir hunn eng 380 Bréifdréier-Camionnetten, dann hu mer nach eng 250 Livreurs-Camionnetten, plus nach d’Camionnetten déi eis 172 Pack-up-Statioune beliwweren, déi och nach eng Kéier hei aus dem Tri erausfueren.”

D’Livreure ware sech es bewosst, dat hir Missioun eng speziell wier.

“C’est les derniers cadeaux, les derniers colis, donc ce sera fait, ce sera livré en temps et en heure pour Noël”, sou de Givens Siala Tusamba, deen haut op senger Tournée zu Schuller ënnerwee war.

Back to Top
CIM LOGO