Invité vun der Redaktioun (4. Dezember): Dr Jean-Paul Pettinger"De Generalist muss déi Haaptfigur vum Gesondheetssystem sinn"

Carine Lemmer
En Donneschdeg de Moie waren d'Hausdokteren Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun"
Invité vun der Redaktioun: Dr Jean-Paul Pettinger
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

An de leschte Joren ass alles extrem lues weidergaangen an d’Kënnegung vun der Konventioun mat der CNS kéint vläicht derzou bäidroen, datt een effektiv do weiderkënnt, wou et klemmt. Datt eng Konventioun besteet, wier wichteg als Garantie fir de Patient awer och fir den Dokter, dat sot den Dr. Jean-Paul Pettinger en Donneschdeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun. Hien ass de President vum Cercle vun de Generalisten am Land.

Strukture baussent de Spideeler sollen och finanziell ënnerstëtzt ginn

An de leschte Jore wier haaptsächlech iwwer d’Spidolsmedezin diskutéiert ginn. D’Spideeler gi massiv iwwer déi ëffentlech Hand finanzéiert , dat wär jo deen eenzege Wee. Mä den Extrahospitalier an d’Strukturen do kréie keng finanziell Ënnerstëtzung. Dat ass alles eleng fir den Dokter. Do kéint een eppes änneren, proposéiert de President vun de médécins généralistes. An als Géigeleeschtung kéinten d’Doktere besser Servicer oder zum Beispill méi laang Ouvertureszäiten ubidden. Informatik oder méi Sekretärinnen zum Beispill kaschten eppes an do gëtt et bis ewell keng finanziell Ënnerstëtzung.

Doktesch-Gesellschafte dierfe just vun Doktere gefouert ginn
Doktesch-Gesellschafte sollen och just vun Doktere gefouert ginn. Dat war eng Haaptfuerderung. Dofir wiert ee sech och dergéint, datt privat Investisseure Strukture mat opbauen. Do léich ee mëttlerweil mat der AMMD quasi op enger Linn. Wat d’Aarbecht vum Generalist selwer ugeet, wéilt ee kee “gate-keeper” sinn. Wann ee Patient léiwer direkt bei e Spezialist wëll goen, soll een dem Patient déi Fräiheet och loossen. De Generalist sollt awer éischten Uspriechpartner bleiwen, deen de Patient kann orientéieren. Den Hausdokter soll déi zentral Figur vum Gesondheetssystem sinn.

Misst d’Zäit, déi ee sech hëlt fir e Patient, net och méi bezuelt ginn?

Den Ament verdéngt en Dokter d’selwecht vill, ob e sech 5 Minutten Zäit hëlt fir de Patient oder eng hallef Stonn. Misst d’Zäit also net méi bezuelt ginn. Dat wär e ganz schwieregt Thema. D’Hausdoktere misste vill Rendez-vouse maachen, fir d’Leit all ze gesinn, déi krank sinn, a fir datt d’Waardelëschten net ze laang ginn. Anerersäits misst ee sech Zäit huele fir déi Patienten, déi méi Zäit brauchen.

Invité vun der Redaktioun: Dr Jean-Paul Pettinger

Kloertext um Donneschdeg den Owend

Ëm d’Santé an absënns d’Fro, ob méi eng grouss Liberaliséierung eng pervers Entwécklung oder awer am Sënn vum Patient ass, geet et och den Owend an eiser Emissioun Kloertext, direkt nom Journal géint 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, RTL PLAY an RTL.lu.


Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO