
Hie géif domadder Successeur vun der Affekotin Martine Lamesch ginn.
De Posten gëtt vun der CSV gestallt a gouf och scho vum CSV-Nationalcomité approuvéiert. D’Kandidatur muss duerno nach vun der Regierung guttgeheescht ginn, wat awer als Formalitéit gëllt.
De Paul Wirtgen huet réischt Uganks des Joers den Direktiounsposten un der Spëtzt vum Centre hospitalier du Nord iwwerholl.
Fir deen anere fräie Posten hu sech antëscht véier CSV-Kandidaten gemellt. Nieft dem Beetebuerger Buergermeeschter Laurent Zeimet sinn dat d’Juristin Claudine Konsbrück, den Affekot Henry de Ron an de Serge Sandt, fréieren Distriktskommissär a Conseiller am Interieur. Et gëllt als sécher, datt de Gemengepapp vu Beetebuerg d’Course mécht. De Poste vum Buergermeeschter an engem Staatsrotmember si matenee compatibel.