
Kuerz no 18 Auer hat et tëscht Colmer-Bierg an dem Karelshaff gerabbelt, wéi en Auto e Réi ze pake krut. Déi lokal Ekipp an hir Kolleegen aus der Nordstad hunn ee Blesséierte behandelt. Tëscht dem Mëllerdall an dem Grondhaff war e Gefier accidentéiert, woubäi eng Persoun verwonnt gëtt. D’Ekippe vu Waldbëlleg an der Fiels waren hei am Asaz. D’Rettungsdéngschter vu Koler a Mamer waren op der Plaz, wéi op der A6 tëscht der Aire de Capellen an der Sortie Capellen en Auto op d’Kopp gaangen ass. Och hei gouf eng Persoun blesséiert.