De CGDIS melltDräi Blesséierter bei zwee Accidenter um Samschdegnomëtteg

RTL Lëtzebuerg
Tëscht Nidderkäerjeng a Péiteng an an a der Stad hat et gerabbelt. Dobäi goufen am Ganzen dräi Persoune verwonnt.
© Gaël Arellano - rtl.lu

An der Uewerstad um Boulevard Franklin D. Roosevelt ass géint 15 Auer eng Persoun ugestouss ginn. Si koum blesséiert mat enger Stater Ambulanz an d’Klinik.

Kuerz no 16 Auer sinn tëscht Nidderkäerjeng a Péiteng zwee Gefierer matenee kollidéiert. Dobäi goufen zwou Persoune verwonnt. Op der Plaz waren d’Ambulanz an d’Pompjeeë vu Péiteng.

Back to Top
CIM LOGO