
De CGDIS mellt e Samschdeg de Moien direkt dräi Accidenter vum Freideg den Owend, bei deenen e Foussgänger vun engem Auto ugestouss gouf. Zu Péiteng, Leideleng an op der Polvermillen. Zwou Persoune goufen dobäi blesséiert. Zu Elleng ass en Auto an de Gruef gerannt an och do gouf et ee Blesséierten.
An zu Ettelbréck ass kuerz virun 2.30 en Auto an der Akafsstrooss an eng Vitrinn geknuppt. Och hei ass eng Persoun verwonnt ginn. De geneeën Hannergrond ass nach net bekannt.
Am Laf vum Samschdeg de Moie koum et dunn nach zu weideren Accidenter. Um 5.20 Auer sinn op der Tréierer Autobunn op der Héicht vum Kierchbierg zwee Autoe kollidéiert, eng Persoun gouf verwonnt. Géint 8.50 Auer ass en Auto zu Sëll op d’Kopp gaangen, hei gouf et ee Blesséierten. Nieft Ambulanz a Pompjeeën, war hei och de Samu am Asaz.
Änlech Situatioun eng Stonn drop um Grondhaff. Och hei war de Samu op der Plaz. Zwou Persoune goufe blesséiert.