
“D’Regierung muss dréngend handelen”, dat fuerdert d’Gewerkschaftsunioun aus OGBL an LCGB e Mëttwoch de Moien an engem Communiqué virum Hannergrond vun den aktuell ganz héije Pëtrolspräisser. Déi geopolitesch Lag an déi héich Präisser vun Diesel a Bensinn hätten en direkten Impakt op d’Stéit.
Verschidde Länner hätte scho reagéiert mat engem Präisdeckel, enger Baisse vun der TVA oder geziilten Aide fir Stéit a Secteuren, déi am meeschte betraff sinn. Déi schaffend Leit an hir Famillen zu Lëtzebuerg wieren der brutaler Präishausse awer ausgeliwwert. Datt d’Regierung net géif intervenéieren, wier inakzeptabel.
D’Kris wier och ee Rappell, dréngend manner ofhängeg vu fossillen Energien ze ginn. Déi Transitioun misst awer sozial gerecht a fair sinn.