
Ganz verworf gouf de Budget fir d’nächst Joer an der Fielsser Gemeng zwar net, mä et kënnt och net all Dag vir, datt een aus dem Schäfferot dogéint stëmmt. Dat war en Dënschdeg de Moien awer de Fall. D’Schäffen Ana Teresa Marques Lima huet aus Roserei iwwert de Budget fir de Syndicat d’Inititiave, dee si selwer bis dohinner presidéiert huet, de Budget verworf. An engem Schreiwes, deen eis virläit, schwätzt si vun Drock, dee kuerz virum Vott op de Buergermeeschter gemaach gi wier, sollt net e gewëssene Poste fale gelooss ginn. Hiren “Neen” zum Budget wier kee “perséinleche Protest” mä “en Alarmzeechen”. Esou kéint et net weidergoen.
D’Ana Teresa Marques Lima hat sech bei de leschte Gemengewale virun zwee Joer eng éischte Kéier presentéiert a war als 7.-Gewielt mam neie Buergermeeschter Mirko Martellini an dem Luc Jemming an de Schäfferot komm.