Fir d'Joer 2022D'Steierverwaltung waart nach op eng Partie Steiererklärungen

RTL Lëtzebuerg
Bis Mëtt leschte Mount hunn nach 48% vun de Steiererklärunge vu physesche Persounen a 65% vu Betriber gefeelt.

E Mëttwoch kréien déi Contribuabel, déi hir Deklaratioun nach net agereecht hunn, dowéinst e Rappell geschéckt.

Et huet ee jo nach Zäit bis den 31. Dezember.

D’Steierverwaltung hätt och schonn e gudden Deel vun de Steiererklärungen 2022 verschafft an hir Retarde besser kënnen opschaffe wéi d’Jore virdrun, dat och well d’Personal opgestockt gouf.

Dës Informatioun liwwert d’Finanzministesch Backes an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun de Piraten.

PDF: Parlamentaresch From vum Sven Clement

Back to Top
CIM LOGO