Elo d’Hänn an de Schouss leeë kënnt awer net a Fro. Och fir 2026 hofft ee, wat de Rekrutement ugeet, op e weidert Rekordjoer, esou de Generol Steve Thull, de Chef d’Etat Major vun der Arméi. Bei deem Zil dierft de Mesurëpak vun der Verdeedegungsministesch Yuriko Backes hëllefen, deen d’lescht Woch am Regierungsrot ugeholl gouf an deen elo nach op gréng Luucht vun der Chamber waart. D’Ministesch war ee vun de Gäscht op der Arméi hirer Chrëschtveillée an ënnert den Zaldote war d’Freed iwwert de Kaddo grouss.
Eng Moossnam aus deem Pak gesäit nämlech vir, datt all Zaldot op d’mannst 530 Euro Brutto de Mount bäikritt. Onméiglech och nëmmen een um Härebierg ze fannen, dee sech net doriwwer freet. “Ech fannen dat mega gutt. Mir schaffe ganz vill a sinn ëmmer professionell an eiser Aarbecht. Sue maachen eng Aarbecht ëmmer méi attraktiv. Ech fanne mir maachen eng Aarbecht, déi net jidderee ka maachen. Et ass besser fir och méi Jonker an d’Arméi ze bréngen.” Weider Leit rekrutéieren, mä och déi, déi schonn do si fideliséieren. Dat ass dat grousst Zil vum Mesurëpak, an dee geet dofir och iwwert dat Finanziellt eraus, seet d’Verdeedegungsministesch Yuriko Backes.
“Zum Beispill wat d’Sproochekenntnisser ugeet muss ee kënne Lëtzebuergesch schwätzen, mä mir wëllen et awer vereinfachen andeems net onbedéngt Franséisch an Däitsch indispensabel ass op engem gewëssen Niveau, mä déi eng oder déi aner Sprooch. Dass een no véier Joer Déngscht als volontaire Militär an eiser Arméi och kann d’Lëtzebuerger Nationalitéit kréien ouni musse Resident ze sinn. Dat si just e puer Beispiller, wéi mer d’Saache wëlle verbesseren.” Fir de Chef d’Etat Major, de Generol Steve Thull, ass de Mesurëpak genee de richtege Wee. Et wiere Propositiounen, déi vun der Arméi an der Defense gemaach goufen an d’Moossname kéimen zu engem Ament, wou d’Arméi richteg amgaang wier ze wuessen.
“Wou immens vill Erausfuerderungen op se duer kommen a wou et dofir wichteg ass, datt een sech esou opstellt, datt een och an der Zukunft mat dem Rekrutement dat ka bewierkstellegen, wat ee brauch fir all déi Kapazitéiten, déi mer elo an Zukunft musse betätegen, fir déi och wierklech un d’Rullen ze kréien.”
Wat de Rekrutement ugeet, gouf et mat 245 Leit dëst Joer schonn en neie Rekord an dee wëll een dat anert Joer nach eng Kéier toppen. De Generol Steve Thull hofft, datt d’Arméi dat anert Joer op d’mannst 280 nei Zaldotinnen an Zaldote ka vereedegen.
Dat villt Personal, dat um Härebierg gesicht gëtt, ass néideg fir d’Nato-Ziler ze erfëllen. An enger Zäit wou Europa e Krich op sengem Kontinent huet, géif engem och bewosst ginn, datt ee vill méi fir seng Verdeedegung muss maachen esou de Generol Steve Thull. Déi nei Objektiver wiere vun zolitter Natur an d’Aufgabe géifen och an nei Richtunge goen.
“Wa mer viru véier Joer de Bataillon bi-national kritt hunn, esou sinn et dëst Joer Kapazitéiten an der integréierter Air and Missile Defense. Dat ass e ganzt neit Gebitt an et ass ëm sou méi intressant och do erëm eng Kéier nei Profiller an der Arméi kënnen unzezéien, fir dann deenen neien Targete kënne gerecht ze ginn.”
Dat wëll de Generol Steve Thull op alle Fall nach weider no vir dreiwen, bis hien den 1. Oktober dat anert Joer en neit Kapitel a sengem Liewe kann ufänken. Den Ament huet hien awer nach keng Zäit sech Gedanken ëm seng Pensioun ze maachen, déi hien a ronn 9 Méint hëlt.