
Kuerz viru 17 Auer ass um CR 306 tëscht Biissen a Pëtten en Auto an e Feld gefuer. D’Pompjeeë vu Biissen an d’Ambulanciere vu Miersch waren hei op der Plaz.
Géint 18.20 Auer goufen dann de Samu, d’Pompjeeën an d’Ambulanciere vun Esch zu Esch an d’Grand-Rue geruff. Hei hat en Auto e Cyclist ze pake kritt.