
RTL krut e Méindeg de Mëtteg aus verschiddenen Deeler vum Land gemellt, datt d’Bezuele mat der Kaart net méi méiglech wier. De Problem soll vu 15.55 Auer u bestanen hunn a ronn eng hallef Stonn gedauert hunn. Géint 16.30 Auer soll et op verschidde Plazen dann awer nees méiglech gewiescht sinn, mat der Kaart ze bezuelen.
E méigleche Grond fir dëse Virfall ass aktuell nach net gewosst. Op Nofro via Telefon wollt Worldline keng Stellungnam ginn. RTL waart aktuell op eng schrëftleche Erklärung.