Patronat a Regierung géife géint d’Interessien vun de schaffende Leit handelen. Gestridde gouf, a gëtt zum Deel nach ëmmer, iwwert d’Verhandlungsrecht vu Kollektivverträg, Aarbechtszäiten, Ouverturen am Commerce an d’Pensiounsreform.
Enn Juni hunn dofir wäit méi wéi 10.000 Leit an der Stad géint d’Regierungspolitik an d’Fuerderunge vun der Union des entreprises manifestéiert. “Si wollten eis futti maachen a si hunn de Contraire erreecht”, sot deemols d’Nora Back, um Dag wéi den OGBL an den LCGB zesummen d’Union des syndicats asbl gegrënnt hunn. Déi zwou gréisst Gewerkschaften am Land hunn 2025 bewisen, dass ee gemeinsam méi staark ass, fir sech fir d’Rechter vun de Salariéen anzesetzen.
Wann d’CSV-DP-Regierung an de leschten zwee Joer nach keng “gréisser Sauereie” fäerdegbruecht hätt, da wär dat just dem Widderstand an der Stäerkt vun der Union syndicale ze verdanken. Dat soten ugangs Dezember d’Presidente vun OGBL an LCGB virun hiren Delegéierten.
Divergenzen tëscht Gewerkschafte, Patronat a Regierung ginn et scho vill méi laang. Ma spéitstens vun deem Dag un, wou d’Gewerkschaften am CPTE (Comité permanent du travail et de l’emploi) d’Dier geklaakt haten, huet sech de Broch tëscht de Sozialpartner verschäerft.
Déi grouss national Manifestatioun den 28. Juni 2025 war just d’Spëtzt vum Äisbierg. An de Méint duerno huet d’Regierung versicht d’Parteien nees méi no beieneen ze bréngen. Sou richteg gelongen ass dat awer net.
Déi drëtt Sozialronn zu 3 am September 2025 gouf ouni Accord ofgeschloss. Et hätt ee sech an de Gespréicher net méi openeen zoubeweegt, an dofir hätt d’Regierung, op d’mannst a Punkto Pensiounsreform, Verantwortung iwwerholl, sot de Premier Luc Frieden. Fir d’Gewerkschaften war et en Echec.
OGBL an LCGB wëllen zënter September och net méi zesumme mam Patronat am Comité permanent du travail et de l’emploi, dem CPTE verhandelen, mee bis op Weideres just a Bipartitten mat Regierungsvertrieder. Enn Oktober 2025 waren déi éischt Entrevuen an där Form. Am November hunn d’Sozialpartner, nees getrennt vuneneen, eng zweete Kéier den Aarbechtsminister Georges Mischo gesinn. Fir d’Suite vun de Bipartitten am Januar 2026 ginn d’Gewerkschaften a Patrone da vum neie Chef am Aarbechtsministère, dem Marc Spautz empfaang.
D’Spannungen tëscht der Union syndicale an der UEL sinn nach net vum Dësch an och mat der Regierungspolitik sinn d’Gewerkschaften nach op ville Punkten net averstan. D’Sozialkris ass also nach et eriwwer.