Wéi aus Eemere geschott huet et e Sonndeg de Mëtteg um 15 Auer, wéi d’Zeremonie um Nikloskierfecht vum Kardinol Jean-Claude Hollerich ofgehale gouf.
Et war eng Prozessioun u Prabbelien, déi een e Sonndeg de Mëtteg konnt um Stater Kierfecht wärend der Zeremonie op Allerséile suivéieren. Prabbelie vun alle Faarwen a Gréisste sinn engem bei den eenzele Griewer an d’A gefall. An trotz dem massive Ree koumen nawell vill Leit bei d’Griewer vun hire Verstuerwene stoen.
No knapps 20 Minutte war d’Zeremonie um Nikloskierfecht eriwwer.
(01.11.2025) Op Allerhellegen: Griewerseenung e Samschdeg de Moien an der Gemeng Buerschent