Griewerseenung e Samschdeg de Moien an der Gemeng Buerschent
































































Ugefaangen huet et um hallwer 9 mat enger Mass zu Schlënnermanescht.
130 Awunner zielt dëst Duerf, dat duerch dem Fausti säi Lidd am ganze Land bekannt ass. Eppes kléngs méi ewéi 20 Leit waren an der Mass op Allerhellegen. Méi Leit haten sech um Kierfecht vun dëser Uertschaft afonnt.
"De Message op Allerhellegen an Allerséilen ass ganz einfach. Mir sinn net eleng", sou de Romain Richer, Paschtouer zanter 2019 an der Par Ettelbréck. "Mir hunn Angscht virum Dout. Mir traueren ëm eis Verstuerwen. Mir hunn Angscht virun esou Villem wat an der Welt lass ass", sou de Geeschtleche weider.
Um véierel op 10 goufen d'Griewer zu Méchela geseent. Och hei hate sech ganz vill Leit op de Wee Richtung Kierfecht gemaach. Dat selwecht Bild eng Stonn méi spéit zu Lëpschent. Trotz kräftege Reeschauere stounge quasi virun all Graf Familljememberen.
"Duerch Gott kréie mir eng Hoffnung geschenkt", sou de Paschtouer Romain Richer am RTL Interview. "Et ass net den Dout oder eng Krankheet déi dat leschte Wuert hunn. Mir kréien éiwegt Liewe geschenkt", dat sot eis de Geeschtlechen.
De komplette Reportage gesitt dir den Owend am Journal op RTL Télé Lëtzebuerg.