OGBL an LCGB reagéieren op Plazenofbau bei Amazon"E Sozialplang fir esou vill Leit gouf et nach ni!"

Claudia Kollwelter
Nieft dem massive Plazenofbau géinge sech ënnert anerem nach d'Froe stellen, wou d'Leit aus engem spezifeschen Domaine wäerten ënnerkommen a wéi et mat de Leit weidergeet, déi aus dem Ausland op Lëtzebuerg koumen, fir bei Amazon ze schaffen.
© AFP Symbolbild

“E Sozialplang fir esou vill Leit gouf et nach ni!” Dat soen den OGBL an LCGB als Reaktioun op den annoncéierte Sozialplang bei Amazon. Obwuel een duerch d’Verhandlungen tëscht der Direktioun an der Personaldelegatioun d’Unzuel u Plazen, déi betraff sinn, vu 470 op 370 reduzéiere konnt, wier dëst e massive Plazenofbau soe béid Gewerkschaften. Donieft géifen et nach vill Ongewëssheete ginn, notamment wéi ee fir 370 Leit, déi an engem spezifeschen Domaine geschafft hunn, eng nei Aarbecht fanne soll.

Donieft géif sech awer och d’Fro stellen op Leit, déi deels aus Indien oder Pakistan op Lëtzebuerg komm sinn, fir bei Amazon ze schaffen, elo zréck an hiert d’Land mussen huet d’Maria-Helena Macedo vum LCGB betount. Déi Leit wiere mat engem Zukunftsbléck an de Grand-Duché koum an kréichen elo op frech Manéier Merci gesot, andeems se an de Chômage geschéckt ginn. Et géif een elo drop pochen, d’Profiller vun deene Leit ze kréien, fir datt se am Comité de conjoncture uerdentlech analyséiert ginn a gekuckt gëtt, ob déi enzwousch anescht placéiert kënne ginn.

D’Isabel Scott vum OGBL huet iwwerdeems nach preziséiert, datt Amazon mat dësem Sozialplang op Plaz 1 steet, wat den Ofbau u Plazen betrëfft. Do hannendru kënnt d’Entreprise TDK, bei där et 2006 e Sozialplang fir 342 Plaze gouf. Dëst géif ënnersträichen, datt dat hei enorm fir Lëtzebuerg ass an extrem ze bedauere wier.

Amazon hat e Freideg an engem Schreiwes un d’Personal an d’Press matgedeelt, datt et zu engem Sozialplang fir 370 Leit kéim an am Februar ugefaange soll ginn mat deene Leit Gespréicher ze féieren.


Liest den Artikel zum Ofbau vun de Plaze bei Amazon hei:

Back to Top
CIM LOGO