
Domat reagéiert d'Gewerkschaft op Aussoe vum Direkter vun der Chambre de commerce Carlo Thelen e Mëttwoch bei eis op der Antenn. D'Mataarbechter beim Staat wieren d'Fundament fir e Staat, dee funktionéiert, an d‘Garantie dofir, datt ëffentlech Servicer fir d‘Populatioun geleescht ginn, esou den OGBL. Datt am Privatsecteur net genuch nei Plaze geschaaft ginn, kéint net mat enger Reduktioun vun Jobs beim Staat geléist ginn. Virun allem well d'Aufgaben an Erausfuerderunge fir den ëffentlechen Déngscht net manner ginn.