Dir hutt d'WuertEducatiounsminister Claude Meisch huet sech Äre Froen zum Theema Schoul gestallt

Carine Lemmer
D’Vakanz ass eriwwer an d’Schoul fänkt nees un. En Dënschdeg de Moien hat Dir d’Méiglechkeet, dem Educatiounsminister Claude Meisch Är Fro ze stellen.
Dir hutt d'Wuert zum Theema Schoul
D’Vakanz ass eriwwer an d’Schoul fänkt nees un. Haut hutt Dir d’Méiglechkeet, dem Educatiounsminister Claude Meisch Är Fro ze stellen.

En Dënschdeg de Moien hat Dir d’Wuert nees um Radio. Dat iwwert d’Rentreé an iwwert d’Schoul. Den Educatiounsminister Claude Meisch war live am Studio an huet ënnert anerem iwwert en erweidert Handy-Verbuet am Secondaire geschwat, wat hie wëlles huet.

D’Vakanz ass eriwwer an d’Schoul fänkt nees un. Haut hutt Dir d’Méiglechkeet, dem Educatiounsminister Claude Meisch Är Fro ze stellen.

D’Resultater aus der PISA-Etüd hätte beluecht, dass den Handy alles wéi net ideal wier. D’Schüler, d’Proffen wéi awer och d’Eltere misste responsabiliséiert ginn.

De Projet Alpha: Dat wier eng grouss Reform, déi dëst Joer uleeft. Dat mol am Cycle 1 an der Grondschoul. Fir eng Rei Schüler wier et eng enorm Chance, d’Sprooch kënnen ze wielen, an där een am beschte léiert, seet de Minister.

D’Resultater aus der PISA-Etüd ginn ëmmer méi schlecht an awer bleiwen d’Taux de réussitten am Ofschloss-Exame relativ stabel. Wéi geet dat, war eng Fro en Dënschdeg de Moien un de Claude Meisch. Dat wier schwiereg ze erklären. Hie wier awer net ëmmer ganz zefridde mam Taux de réussite. Dass awer d’Lieskompetenze vun de Jonken ëmmer manner gutt ginn, wat jo bei der PISA-Etüd erauskoum, dat wier e Problem, an deem misst een entgéintwierken.

Back to Top
CIM LOGO