
En Dënschdeg den Owend géint 18.55 Auer huet um CR345 tëscht Ettelbréck an Uewerfeelen en Auto e wëllt Déier ze pake kritt. Eng Persoun ass beim Accident blesséiert ginn a vun de Rettungsekippe vum Zenter Nordstad versuergt.
Donieft mellt de CGDIS, datt et géint 17.18 Auer um Cents an der Rue Gabriel de Marie Dreck gebrannt hat. Hei ass kee blesséiert ginn. Um Asaz waren d’Pompjeeën aus der Stad.